Jugendtreff Norden

24, rue de la Gare, Troisvierges, 9906 ,Luxembourg
Jugendtreff Norden Jugendtreff Norden is one of the popular Social Club located in 24, rue de la Gare ,Troisvierges listed under Organization in Troisvierges , Social Club in Troisvierges ,

Contact Details & Working Hours

More about Jugendtreff Norden

Den Jugendtreff Norden sinn 3 oppen Strukturen, wou Jonker tëschent 12 an 26 Joer hi goen kënnen, fir hier Fräizäit ze verbréngen mee awer och ze gestalten.
Op der Platz kënnen si dann vun stationären Angeboter wéi zum Beispill Kicker, Billard, Darts, Zeitungen an enger Tëlee profitéieren. D’Jugendhaus bitt och regelméisseg
Aktivitéiten am an ausser Haus un. Dës sinn an der Regel gréisser
Aktivitéiten, déi haaptsächlech am Beräich vun der
Animatioun leien. Dozou gehéieren ënnert anerem Sport-
aktivitéiten, Karting, Kachen an Brachen an villes méi.
Nierwt den Aktivitéiten „for Fun“ ginn awer och kulturell, musikalesch an kreativ Angeboter formuléiert. Niewent dësen 2 Voleten vun der Rencontre an der Animatioun
zielen dann awer och d’Informatioun an d’Präventioun zu den Missiounen vun engem Jugendhaus.
D’Jugendhaus organiséiert an dësem Sënn Aktivitéiten déi als Ziel hunn, den Jonken z´informéieren, säin Wëssen an seng Kompetenzen ze stäerken an weider ze entwéckelen an och den Jonken ze forméieren.
Jugendinformatioun ass en wichtegen Pilier an der Aarbecht mat de Jonken.

Entdeck och eis Projeten 2017, dei eng motivéiert an cool Equipe, och mat dir, realiséieren well!

Komm lanscht, mir freen eis:)

All Detailler op :
www.jsic.lu

#Fotoschoul
#Jugendbus7
#JugendtreffNorden
#Jugendinfo
#Proufsall
#RJRSICLER

Map of Jugendtreff Norden