Konschtatelier PoGo

66, Grand-rue, Vianden, 9410 ,Luxembourg
Konschtatelier PoGo Konschtatelier PoGo is one of the popular Art School located in 66, Grand-rue ,Vianden listed under Local business in Vianden , Arts & Entertainment in Vianden , Artistic Services in Vianden , Art School in Vianden ,

Contact Details & Working Hours

More about Konschtatelier PoGo

De Konschtatelier PoGo

De Konschtatelier PoGo ass d'Initiative vun den 2 diploméierten Kënschtlerinnen Ania Polfer a Corinne Goetz, fir Interesséierten aus der Groussregioun et ze erméiglechen hier Passioun fir d'Konscht a verschiddenen Coursen auszeliewen.

Wéi alles ugefaang huet:
Wéi d'Ania an d'Corinne sech 2005 op der uni.lu kennengeléiert hunn, hu si festgestallt datt si allen 2 op der Sich no engem Atelier waren, well se bei sech doheem net méi genuch Plaz haten fir hier Wierker ze schafen. Si hunn sech dunn zesummengedinn fir sech de Loyer vun engem richtegen Atelier ze deelen. Sou ass 2006 de Konschtatelier PoGo entstaanen. Op Nofro vun Konschtinteresséierten aus der Regioun hu si dunn hiert Kënnen a Wëssen an hierem Atelier an verschidden Coursen weider ginn.
Wéi d'Nofro dunn ëmmer méi grouss ginn ass, ass den Atelier hannenaus mat engem zousätzlechen Raum ausgestatt ginn, fir e puer Meter Plaz kënnen ze gewannen. Souguer een zousätzlechen Depot ass gelount ginn fir en groussen Deel vum Ania a Corinne Biller aus de Féiss ze kréien an am Atelier rëm nees méi Raum ze hunn.

Wéi et virugaang ass:
Mee, beim Bilan vun 2013 hu si dunn awer missten feststellen datt se allen 2 räimlech an zäitlech net méi genuch Plaz am Konschtatelier PoGo hunn, an et leider keng Méiglechkeet méi gëtt fir dat alt Veiner Lokal nach auszebauen. An ,well grad dunn just e puer Meter méi wäit an der Gaass e Lokal zum Verkaf stoung, hunn déi 2 Kënschtlerinnen decidéiert sech ze trennen ...
D'Corinne ass riwwer an dat neit Lokal geplënnert, wou hatt no der Gebuert vun sengem zweeten Kand mat sengen Molcoursen virunfiert, an d'Ania bleift an dem alen Lokal an deelt déi gewonnen Plaz just nei an, fir direkt no Ouschteren d'Dieren vum Atelier - mat engem Deel klengen Buttik fir Kënschtlermaterial - nees fir Coursen opzemachen.
De KonschtAtelier PoGo ass säit dem 01. Juli 2014 offiziell opgeléist.

Wéi et lo ass:
D'Ania Polfer fannt Dir am "ANIA's ARTh Atelier&Boutique" zu Vianden an der Montée du Château, an der ANNEXE vun der Nr 6A.
D'Corinne Goetz fannt Dir am "CG Konstatelier" zu Vianden an der Grand-Rue op Nr 39.

Map of Konschtatelier PoGo