90 Joer Erfahrung zeechnen ons aus. Säit 3 Generatiounen suergen mir dofir, dass et Iech, Ärer Famill an Ärem Betrib a Saachen Versécherung an Steieroptimiséierung un Näischt feelt.
Zënter 1924 sicht d'Famill Schumacher mat Iech zesummen déi beschten Léisung fir Iech an Ären Besëtz ofzesécheren.
1924 as d'Agence vum Här Nicolas Schumacher gegrënnt ginn. 1952 as së vu sengem Jong, dem Här René Schumacher iwerholl ginn. D'Madame Claire Schumacher, Meedchen vum Här René Schumacher as zënter 1984 am Assurancen Secteur aktiv an huet säit 1998 d'Leedung vun der Agence zu Remerschen.