Am Zwergeland

Rue Principale 113, Wormeldange, 5480
Am Zwergeland Am Zwergeland is one of the popular Day Care located in Rue Principale 113 ,Wormeldange listed under Preschool in Wormeldange , Day Care in Wormeldange , Child Care Service in Wormeldange ,

Contact Details & Working Hours

More about Am Zwergeland

HÄRZLECH WËLLKOMM AM ZWERGELAND!

Mir invitéieren Iech eng Plaz kennenzeléieren, wou Äert Kand nach selbstänneg spillen, léieren an Erfahrung sammelen kann – Am Zwergeland.

Eis familiär Crèche bitt de Kanner vill Méiglechkeeten fir d'Kand-sinn a vollen Zich auszeliewen. Sief et beim Rolzen an Entdecken an der Natur, oder bei aneren Aktivitéiten an der Crèche selwer.

"Am Zwergeland" ass eng Famill-ergänzend Struktur fir Kanner vun zwee Méint bis fënnef Joër, déi sechs Deeg an der Woch vu 06:00 bis 19:00 fir Iech op ass a vun der Mme Kathrin Hasper geleet geet.

Eis Crèche huet oppen Dieren fir all Mënsch, onofhängeg vun der Uertschaft wou ee wunnt, der Nationalitéit oder der kultureller, reliéiser, philosophescher an ideologescher Iwwerzeegung.

Eis geet et drëms, dass Äert Kand sech hei wuel a gutt opgehuewen fillt.

Mir engagéieren eis fir déi sougenannten "fréikandlech" Erzéiung, individuell Ënnerstëtzung a Bildung, déi duerch de Kanner hier eegen Initiativ op natierlech Art an Weis initiéiert gëtt.

Eis jonk an dynamesch Equipe geet mam gudde Beispill vir, an esou léieren d'Kanner ganz natierlech fir hëllefsbereet, participativ, demokratesch a flexibel ze handelen.

Genausou kennt Méisproochegkeet wéinst der verschidden Nationalitéiten vun de Kollegen net ze kuerz.

Déi eenzel Besoinë an d'Gefiller vun all Kand huelen mir ganz eescht. Egal ob si Suergen oder Angscht hunn, ob si glécklech sinn, oder Roserei verspieren, mir huelen se eescht an behandelen des't op eng sensibel Aart a Weis mat hinnen zesummen.

Well fir d'Kanner (a net nëmme fir si) d'Erléieren vun kognitiven, sozialen, emotionalen a
motoreschen Kompetenzen ganz wichteg ass, schaffen mir a klenge Gruppen.
Esou entwéckelt sech eng op Géigesäitegkeet berouend Relatioun vu Vertrauen, wat eng enorm
Observatioun versprécht an domat d'Entwécklung promovéiert.

Duerch eis villsäiteg Offer, zu der och gehéiert, dass d'Kanner sech selwer beschäftegen dierfen, stäerken an ënnerstëtzen mir hir individuell Entwécklung, hir Entscheedungskraaft, d'Fähegkeet Spiller matzemaachen a sech fräi auszedrécken.

Map of Am Zwergeland