Rullen.Club

Beaufort,
Rullen.Club Rullen.Club is one of the popular Nonprofit Organization located in ,Beaufort listed under Non-profit organization in Beaufort ,

Contact Details & Working Hours

More about Rullen.Club

Nodeems d'Longboard Crew Eifel-Lux sech regelméisseg iwwert sozial Medien organiséiert huet fir rullen ze goen (an der Eifel, den Ardennen, der Petite Suisse an och soss), an puer vun eis och éischt Erfahrunge bei offiziellen Evenementer am europäeschen Ausland sammele konnten, ass d’Idee entstan fir mat eiser Longboard Crew och sou een Longboard-Downhill/Freeride-Evenement hei zu Lëtzebuerg ze organiséieren.

Duerfir hunn mir den 11/11/2015 um 11h de Rullen.Club (a.s.b.l.) gegrënnt!

D’Ziel vum Club ass et deemno en alljährlecht Longboard Event fir seng Memberen ze organiséieren.

Mir stinn nach ganz am Ufank an freeën eis iwwert all neie Member, den well hëllefen dëse Projet ze organiséieren an ze realiséieren.

Potentiell gutt Strecke fir sou en Longboard-Downhill/Freeride-Event hunn mir méi wei genuch an eisem schéine Ländchen, an duerfir sinn mir och iwwerzeegt dat mir eng Gemeng fannen, déi bereet ass mat eis sou eng Organisatioun an Ugrëff ze huelen.

Loosst et rullen,

De Comité vum Rullen.Club

Map of Rullen.Club