Enner "Schwéidsbenger Wäifescht a.s.b.l." versti mer d´Schwéidsbenger Leit, dei bereet sin fir Kiirmesdaag e groussen Deel vun hirer Fräizäit ze afferen, fir dei bekannte Schwéidsbenger Kiirmes ze organiséieren. De Verein huet am Moment ca 70 aktiv Memberen. Niewt der "Fléifouer", wei d´Kiirmes och nach genannt gett, hu se sech och nach der Verschéinerung vun hirem Duerf verschriwen.
Schwéidsbenge lait mat sengen ca 300 Awunner un der Musel zweschent Réimech a Schengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Et as eng vun den dräi Uertschaften aus der Gemeng Wellesteen am Réimecher Kanton, Distrikt Gréivemacher. Duerch d´Fusioun vun e puer Gemengen as Schwéidsbengen vum 1.1.2012 un en Deel vun der Gemeng Schengen